11.07.2019

Diplomiwwerreechung vum Kur « Informatique à l’école »

Wei all Joer haten déi Gemengeverantwortlech op déi offiziell Diplomiwwerreechung vum Kur “Informatique à l’école” agelueden. Dësen Informatikscours ënnert der Leedung vum Claudio Mourato huet sech un all Kand aus dem Cycle 3 a 4 adresséiert.

Wärend dem Schouljoer 2018/19 huet sech alles ronderëm “Robotik” (Roboter programméieren) gedréint. 19 kleng Informatiker hunn dat ganz Joer gebastelt an ausprobéiert  fir hiren Elteren an de Gemengeresponsabele wärend enger klenger Virféierung ze weise wat sie alles an engem Joer geléiert hunn.

Als kleng Unerkennung fir hiert Engagement an hir Ausdauer hunn si den 9. Juli aus den Hänn vum Buergermeeschter en Diplom kritt.