11.07.2018

Mär ginn dëst Joer fir d’Éischt mat wielen!

Traditionsgemeiss virun Wahlen, op um Gemengenniveau oder wei dëst Joer op nationalem Plang, invitéiert de Schäffen- a Gemengerot op d’Iwwerreechung vum „Certificat d’électeur“.

All déi jonk Leit déi virun den Nationalwahlen vum 14. Oktober 2018  hir 18 Joer kritt hunn oder kréien an all Nei-Lëtzebuerger  waren den 10. Juli 2018 an d’Salle Grand-Duc Jean invitéiert gi wou si aus den Hänn vun de Membere vum Gemengerot hir Diplomer iwwerreecht kritt hunn. Och wann des kleng Feier nëmmen e symbolesche Charakter hat,  hunn si eleng duerch hir Präsenz hiert Interesse fir eist Land, fir d’Gesellschaft a fir  d’Politik gewisen.

An senger Ried huet de Buergermeeschter Paul Weimerskirch op déi grouss Chance higewisen dass mär hei am Land net nëmmen eng Wahlflicht hunn mä dass mär och däerfe wiele goen an esou  d’Méiglechkeet hunn matzebestëmmen wat an eisem Land geschitt. Den Dag vun de Wahle ginn d’Kaarten nees nei gemëscht an jidderee kann esou seng Gedanken a Wënsch zum Ausdrock bréngen. Dat ass eng Demokratie.

Den traditionellen Patt huet dësen Owend gemittlech auskléngen gelooss.