3.10.2025 – Gratis Film: Vermësst!
LU
Synopsis
Wéi den Eric an d’Henriette Klensch an der Lotterie gewannen, schéngt alles perfekt. Awer nodeems hir Duechter Denise mat hirer beschter Frëndin iesse war, ass si op eemol wéi vum Äerdbuedem verschwonnen. Hire Mann, de Kevin, mellt si als vermësst. D’Police fënnt sech séier an engem Netz vu Ligen, falsche Spueren a däischtere Geheimnisser erëm. Wéi d’Sich ëmmer méi verzweiwelt gëtt, kommen ergräifend Wourechten un d’Liicht: iwwer Geldgier, Verrot an eng geféierlech Affär. Wee seet d’Wourecht, a wiem kann een iwwerhaapt nach vertrauen?
„Vermësst!“ ass e spannungsgeluedene Krimi iwwer Vertrauen an iwwer déi mënschlech Ofgrënn, an der däischterer Säit vu bal perfekte Familljen.
- Sprooch: Lëtzebuergesch, englesch Ënnertitel
- 3. Oktober 2025
- 18:30 Auer: Diere ginn op
- 19:00 Auer: de Film fänkt un
- Dauer vum Film: 130 Minutten
- Trailer
EN
Synopsis
When Eric and Henriette Klensch win the lottery, everything seems perfect. But after their daughter Denise goes out to dinner with her best friend, she suddenly vanishes without a trace. Her husband Kevin reports her missing. The police soon find themselves caught in a web of lies, false leads, and dark secrets. As the search becomes more desperate, disturbing truths come to light about greed, betrayal, and a dangerous affair. Who is telling the truth, and who can really be trusted?
« Vermësst! » is a gripping thriller about trust, hidden depths, and the dark side of seemingly perfect families.
- Language: Luxembourgish with English subtitles
- October 3, 2025
- 6:30 PM: Doors open
- 7:00 PM: Screening starts
- Duration of the movie: 130 minutes
- Trailer