06.11.2024

Street Art zu Schëffleng – Park Léonie Koullen

FR

Le street art à Schifflange est en pleine effervescence, et le parc Léonie Koullen en est un parfait exemple. Au cours des dernières semaines, cet espace public a subi une transformation notable, attirant ainsi l’attention des habitants et des visiteurs.

À cet endroit, vous aurez l’opportunité d’admirer une nouvelle peinture murale réalisée par l’artiste talentueux Alain Welter. Son œuvre, vibrante et colorée, apporte une touche artistique unique au parc de la commune, invitant chacun à s’arrêter et à apprécier la créativité qui s’exprime à travers le Street Art.

De plus, le parc met en avant notre Minett Flower, une œuvre qui a été spécialement pulvérisée lors de la Fête nationale 2024. Ce projet a été réalisé avec la participation enthousiaste des enfants et de la galerie d’art Kamellebuttek, ajoutant une dimension communautaire à l’événement. Cette collaboration a non seulement permis de créer une œuvre d’art collective, mais elle a également renforcé les liens entre les résidents et a encouragé l’expression artistique parmi les plus jeunes.

Ainsi, le parc Léonie Koullen devient un véritable lieu de rencontre et d’inspiration, célébrant la créativité locale et l’engagement de la communauté dans le street art.

LU

Street Art zu Schëffleng boomt an de Park Léonie Koullen ass e perfekt Beispill. An de leschte Wochen huet dës ëffentleche Plaz eng bemierkenswäert Transformatioun matgemaach, déi d’Opmierksamkeet vun den Awunner a Visiteuren op sech zitt.

Op dëser Plaz hutt Dir d’Méiglechkeet en neie Mural Painting vum talentéierte Kënschtler Alain Welter ze bewonneren. Säi liewegt a faarwegt Wierk bréngt eng eenzegaarteg artistesch Touche an d’Gemeng an invitéiert jiddereen sech e Moment ze huelen an d’Kreativitéit vun der Stroossekonscht op sech wierken ze loossen.

Ausserdeem kënnt dir am Park och nach eis Minett Flower, e Wierk dat speziell fir Nationalfeierdag 2024 gesprayt gouf bewonneren. Dëse Projet gouf mat der begeeschterter Bedeelegung vun de Kanner ënnert der Leedung vun der Konschtgalerie Kamellebuttek duerchgefouert. Dës Zesummenaarbecht huet net nëmmen e kollektiivt Konschtwierk erstallt, mee huet och d’Bindungen tëscht den Awunner verstäerkt an den artisteschen Ausdrock vun de jonke Bierger encouragéiert.

De Park Léonie Koullen gëtt esou zu enger Plaz vu Begeeschterung an Inspiratioun, déi lokal Kreativitéit an den Engagement vun der Gemeng fir Stroossekonscht feiert.

-> Mural Painting Video