24.10.2024

Le concept de stationnement change le 1er janvier 2025

FR

Nouveau concept de Stationnement pour la Commune de Schifflange

Conscients de la problématique liée au stationnement au sein de la Commune de Schifflange, nous avons décidé d’améliorer la gestion du stationnement pour rendre la vie plus facile.

Les changements, qui entreront en vigueur à partir du 1er janvier 2025, sont le résultat d’une enquête sur le stationnement au sein de la commune. Notre premier objectif est de faciliter la recherche de places de stationnement pour les résidents, et ce, à proximité de leur domicile.

Nous sommes également ravis de vous annoncer l’arrivée de l’application mobile « INDIGO NEO » (App Store / Android), qui vous permettra de gérer votre stationnement à distance et de payer en ligne, assurant ainsi un tarif équitable pour le temps de stationnement réellement utilisé.

Nous tenons à souligner que l’impact de ces nouvelles mesures sera régulièrement évalué. En fonction de vos retours et de l’évolution des besoins, nous pourrons envisager de nouvelles adaptations à l’avenir.

Voici, en résumé, les changements les plus importantes :

  • Élargissement de la zone existante « Stationnement avec disque, sauf résidents » sur presque la totalité de Schifflange ;
  • Élargissement de la zone de stationnement payante au centre de Schifflange ;
  • Introduction de nouveaux secteurs et adaptation des secteurs de stationnement résidentiel existants ;
  • Adaptation des modalités et des taxes pour les vignettes de stationnement ;
  • Introduction de la possibilité de mettre deux plaques d’immatriculation sur une vignette de stationnement résidentiel ;
  • Instauration de l’application « INDIGO NEO » pour gérer le stationnement à distance ;
  • Mise en place de bornes « statio’minutes » supplémentaires dans l’avenue de la Libération.

Vous trouverez toutes les adaptations ainsi que les détails dans la nouvelle brochure ici.

Attention : Le concept actuel, reste en vigueur jusqu’au 31 décembre 2024 inclus.

 

LU

Neit Parkkonzept fir d’Gemeng Schëffleng

D’Gemeng Schëffleng ass sech bewosst, datt Parken zu Schëffleng net ëmmer eng einfach Saach ass. Dofir gouf decidéiert, d’Gestioun vum Parken ze änneren an esou d’Liewensqualitéit vun de Schëfflenger Bierger ze verbesseren.

D’Ännerungen, déi ab dem 1. Januar 2025 a Kraaft trieden, sinn d’Resultat vun enger Enquête iwwert d’Parksituatioun an der Gemeng. Haaptzil ass et, den Awunner et méi einfach ze maachen, eng Parkplaz méi no bei hirem Doheem ze fannen.

Zesumme mam neie Parkkonzept wäert och de Lancement vun der mobiller Applikatioun “INDIGO NEO” (App Store / Android) starten. Dës App erlaabt et Iech, Äre Parking op Distanz ze verwalten an online ze bezuelen, sou datt e fairen Tarif fir déi tatsächlech benotzte Parkzäit assuréiert ka ginn.

Mir wëllen ënnersträichen, datt den Impakt vun dësen neie Mesurë reegelméisseg evaluéiert gëtt. Ofhängeg vun Ärem Feedback a vun de neie Bedierfnesser, kënne mir an Zukunft reegelméisseg nei Adaptatioune virhuelen.

Hei fannt Dir e Resumé mat deene wichtegsten Ännerungen:

  • Ausbau vun der besteeënder Zone “Stationnement avec disque, sauf résidents” um Terrain vun der Gemeng Schëffleng;
  • Erweiderung vun der Zone “payante” am Zentrum vu Schëffleng;
  • Aféierung vun neien an Adaptatioun vu besteeënde Parksecteuren;
  • Adaptatioune bei de Parkvignetten (Konditiounen a Käschten);
  • Aféierung vun der Méiglechkeet, zwou Plackennummeren op eng Vignette ze setzen;
  • Aféierung vun der mobiller Applikatioun “INDIGO NEO” fir de Parking op Distanz ze geréieren;
  • Installatioun vun zousätzleche “statio’minutes” Parkplazen an der Avenue de la Libération.

All Upassungen a weider Detailer fannt Dir an der neier Broschür, op Däitsch.

Opgepasst: Dat aktuellt Konzept ass valabel bis den 31. Dezember 2024 inklusive.