07.10.2024

Journée mondiale du Cotton

FR
La Journée mondiale du coton est l’occasion de souligner l’importance d’un coton équitable dans notre société. Le coton est l’une des matières premières les plus utilisées dans le monde, mais sa production peut avoir des impacts significatifs sur l’environnement et les conditions de vie des agriculteurs.

Un coton équitable garantit que les producteurs reçoivent un prix juste pour leur travail, ce qui leur permet de subvenir à leurs besoins et à ceux de leur famille. Cela contribue également à améliorer les conditions de travail, à promouvoir des pratiques agricoles durables et à protéger l’environnement. En choisissant du coton équitable, nous soutenons non seulement les agriculteurs, mais nous participons aussi à la création d’une industrie textile plus éthique et responsable.

En cette journée, il est essentiel de sensibiliser sur ces enjeux et d’encourager chacun à opter pour des produits en coton équitable. Ensemble, nous pouvons faire une différence positive pour les producteurs et pour notre planète.

 

LU

De Welt Kotteng Dag ass eng Geleeënheet fir d’Wichtegkeet vum Fairtrade Kotteng an eiser Gesellschaft ze ënnersträichen. Kotteng ass ee vun de meescht benotzte Réimaterialer op der Welt. Seng Produktioun kann awer bedeitend Auswierkungen op d’Ëmwelt an d’Liewensbedingunge vun de Baueren hunn.

Fairtrade Kotteng suergt dofir, datt d’Produzenten e faire Präis fir hir Aarbecht kréien. Dëst erlaabt hinnen och sech selwer an hir Famill z’ënnerstëtzen. Et hëlleft och d’Aarbechtskonditiounen ze verbesseren, nohalteg landwirtschaftlech Praktiken ze fërderen an d’Ëmwelt ze schützen. Andeems mir de Fairtrade Kotteng auswielen, ënnerstëtze mir net nëmmen d’Baueren, mä mir bedeelegen eis och un enger méi ethescher a verantwortlecher Textilindustrie.

Op dësem Dag ass et wichteg op dëse Thema ze sensibiliséieren a jiddereen ze encouragéiere fir Fairtrade Kottengsprodukter ze wielen. Zesumme kënne mir e positiven Ënnerscheed fir d’Produzenten, hir Familljen a fir eise Planéit maachen.

Notre équipe de l’atelier communal avec leurs vêtements Fairtrade / Eis Ekipp vum Gemengenatelier mat hire Fairtradekleeder: