Apaisement de la circulation dans la rue Denis Netgen et la rue du Canal à Schifflange
FR
Apaisement de la circulation dans la rue Denis Netgen et la rue du Canal à Schifflange
Le 2 octobre 2024, une réunion d’information a eu lieu en présence du collège des bourgmestre et échevins, du Service des Travaux neufs et des Infrastructures, du Bureau d’Études Schroeder & Associés S.A., ainsi que des riverain·e·s concerné·e·s, pour discuter de l’apaisement de la circulation prévu dans la rue Denis Netgen et la rue du Canal.
Ce projet découle d’une pétition soulignant le manque de sécurité lié à un trafic trop intense et à des vitesses excessives.
En s’appuyant sur la nouvelle réglementation entrée en vigueur en août 2023, qui introduit des mesures innovantes pour modérer la circulation sur les routes nationales, la commune a collaboré avec tous les acteurs impliqués pour élaborer un plan. Ce dernier inclut plusieurs mesures spécifiques d’apaisement et prévoit également, à l’avenir, une limitation de la vitesse à 30 km/h sur une partie de cette route.
À la fin de la présentation, les participant·e·s ont eu l’opportunité de poser des questions. Plusieurs remarques constructives ont été intégrées au projet, afin qu’il puisse suivre la procédure d’autorisation officielle après des ajustements spécifiques.
La Commune espère pouvoir mettre en œuvre les premières adaptations en 2025 et continuera d’informer les citoyen·en·s de l’avancée de ce dossier.
LU
Verkéiersberouegung vun der Rue Denis Netgen an der Rue du Canal zu Schëffleng
Den 2. Oktober 2024 huet an der Präsenz vum Buergermeeschter, dem Schäfferot, dem Service des Travaux neufs et des Infrastructures, dem Bureau d’Études Schroeder & Associés S.A., souwéi de betraffenen Awunner eng Informatiounsversammlung zu de geplangte Verkéiersberouegungen an der rue Denis Netgen an der rue du Canal stattfonnt.
Dëse Projet ass zeréckzeféieren op eng Petitioun déi d’Sécherheet duerch ze vill Trafic an ze héich gefuere Geschwindegkeete bemängelt.
Op Basis vun den neien, am August 2023 a Kraaft getruedenen Reglementatioune fir innovativ Verkéiersberouegungen op Staatsstroossen, konnt d’Gemeng zesumme mat alle concernéierten Acteuren e Plang entwéckelen, deen nieft verschiddenen punktuelle Berouegungen och zukünfteg op engem Deel vun dëser Strooss eng Vitesslimitatioun op 30 km/h virgesäit.
Am Uschloss vun der Presentatioun haten d’Invitéen d’Méiglechkeet hier Froen ze stellen. Verschidde konstruktiv Remarquë fannen Nidderschlag am Projet, esou, dass dësen no enger punktueller Upassung déi offiziell Autorisatiounsprozeduren duerchlafe kann.
D’Gemeng erwaart sech déi éischt Adaptatioune fir 2025 ëmsetzen ze kënnen a wäert d’Awunner weiderhin iwwer den Avancement vun dësem Dossier informéieren.