Cérémonie de la grève générale du 31 août 1942
FR
Le 31 août 2024, le collège des bourgmestre et échevins, en collaboration avec le conseil communal de la Commune de Schifflange, ont commémoré le 82e anniversaire de la grève générale de 1942. Des représentants de la Ligue Luxembourgeoise des Prisonniers et Déportés Politiques (LPPD), des Enrôlés de Force, du Syndicat d’Initiatives et de Tourisme (S.I.T), des syndicats, des associations, ainsi que du Musée de la Sidérurgie ont pris part aux festivités, en présence du Ministre Mischo, ancien bourgmestre de la ville d’Esch-sur-Alzette.
La cérémonie a débuté par un dépôt de gerbes à Esch-sur-Alzette (portail de Lallange), en partenariat avec la Ville d’Esch et sous le patronage de l’Amicale Fondeurs-Musée, présidée par Alain Günther.
Les festivités se sont poursuivies sous un soleil radieux devant le monument au parc Léonie Koullen à Schifflange, avec le déclenchement de la sirène à 18:00 heures. Le bourgmestre Paul Weimerskirch a insisté, dans son discours, sur l’importance de ne jamais oublier le passé et d’honorer ceux qui se sont battus pour la paix et la justice. Il a rappelé que rien n’est acquis dans ce monde, surtout pas la paix et la justice.
LU
Den 31. August 2024 huet de Schäffen- a Gemengerot vun der Gemeng Schëffleng op den 82. Gebuertsdag vun der Streikgedenkfeier invitéiert fir den Affer vum Generalstreik vun 1942 ze gedenken. D’Feierlechkeeten hunn a Presenz vum Minister Mischo, ancien Buergermeeschter vun der Staat Esch, Vertrieder vun der Ligue Luxembourgeoise des Prisonniers et Déportés politiques (LPPD), den Enrôlés de force, dem Syndicat d’Initiatives et de Tourisme (S.I.T), de Gewerkschaften a Veräiner, esou wéi dem Musée de la Sidérurgie « De Schmelzaarbechter » stattfonnt.
Mat der Kranznidderleeung zu Esch/Uelzecht(Portal Lalleng) hunn d’Festivitéiten zesumme mat der Staat Esch an ënnert der Regie vun der Amicale Schmelzaarbechter-Musée ronderëm de Präsident Alain Günther den Ufank gemaach.
Dono ass et bei beschtem Wieder virum Monument am Park Léonie Koullen zu Schëffleng weidergaangen, a genau ewéi virun 82 Joer, wou d’Aarbechter zum Streik opgeruff gi sinn, ass um Punkt 18:00 Auer d’Sireen gaangen. A senger Usprooch betount de Buergermeeschter Paul Weimerskirch dat ni soll vergiess gi wat geschitt ass an dat een déi Leit éiere sollen déi sech fir Fridden a Gerechtegkeet staark gemaach hunn. Näischt op dëser Welt ass selbstverständlech, scho guer net de Fridden an d’Gerechtegkeet.