21.03.2024

Drogepreventioun an der Schoul

FR

La prévention dans le domaine des drogues ne peut jamais commencer trop tôt, c’est pourquoi la police a de nouveau organisé un cours de prévention de drogues dans les écoles primaires à Schifflange le 15 mars 2024.

Dans le cadre de cette campagne de sensibilisation, un cours s’adressant surtout au cycle 4.2 a été proposé à 7 classes (110 enfants) en total. Il traite des sanctions légales ainsi que les effets négatifs psychiques et physiques de la vente, de la possession et de la consommation illégale de stupéfiants. Une distinction est faite entre les drogues courantes comme le tabac ou l’alcool et les drogues illégales comme le cannabis. Outre le cadre juridique, les causes possibles, les conséquences et les possibilités d’en sortir sont abordées.

La police luxembourgeoise attache également de l’importance à ce que les enfants puissent aborder le sujet de manière visuelle par le biais du coffret de prévention, permettant d’observer en détail les différents stupéfiants. Cela contribue également à la prévention des toxicomanies et à la sensibilisation au thème de l’abus de drogues.

 

LU

D’Preventioun fir d’Jugend am Beräich vun den Droge kann net fréi genuch ufänken, dofir huet d’Police de 15. Mäerz 2024 erëm e spezielle Cours an de Primärschoulen zu Schëffleng gehalen.

Am Kader vun der Sensibiliséierungscampagne gouf e Cours ugebueden, dee sech virun allem un de Cycle 4.2 vun de Primärschoule riicht. Am Ganze konnte 7 Klassen, d.h. 110 Kanner, dovunner profitéieren. Et gëtt hei iwwer déi gesetzlech Strofe wéi och déi negativ psychesch a physesch Auswierkungen, déi de Verkaf, Besëtz an illegale Gebrauch vu Betäubungsmëttelen opgekläert. Et gëtt sech hei mat de gewéinlechen Droge wéi Tubak oder Alkohol awer och mat deenen illegale wéi ë.a. Cannabis ausernee gesat. Nieft dem rechtleche Kader gëtt sech awer och iwwer déi méiglech Ursaachen, d’Follgen an awer och Ausstiegsméiglechkeete vun der Drogenofhängegkeet beschäftegt.

D’Police Lëtzebuerg leet de Fokus och drop, dass d’Kanner sech visuell kënne mam Thema ausernee setzen an informéiere kënnen. Dofir war och erëm de Preventiounskoffer dobäi, bei dem ee sech déi ënnerschiddlech Betäubungsmëttelen am Detail ukucke kann. Och dëst dréit zur Suchtpreventioun an zur Sensibiliséierung vum Thema Drogemëssbrauch bäi.