Participez activement dans les commissions consultatives et groupes de travail!
/ LU /
Och dem neie Schäfferot vu Schëffleng ass et wichteg sech d’Meenungen an d’Gedanke vun de Bierger an der Gemeng unzelauschteren an esou eng partizipativ Demokratie weiderzeféieren. Dofir sollen déi consultativ Kommissiounen net nëmme mat Leit aus den eenzele Parteie besat ginn, mee och mat Bierger aus der Zivilgesellschaft.
Eng Kommissioun steet dem Gemengerot berodend zur Säit a gëtt hir Avisen iwwert bestëmmte Sujeten of oder proposéiert eegen Initiativen. Dës Avisen a Konklusioune fléissen uschléissend an d’politesch Decisioune vum Schäffen- a Gemengerot mat an.
Wann Dir interesséiert sidd un esou enger Kommissioun oder Aarbechtsgrupp deelzehuelen, da kënnt Dir Iech bis den 18. September mat dësem Formulaire umellen.
Weider Informatiounen fannt Dir um Flyer.
/ FR /
Le nouveau Collège échevinal insiste sur la prise en compte de l’avis des citoyens et poursuit ainsi l’approche de la démocratie participative. C’est dans cette optique que les commissions consultatives prévoient certains postes pour des membres de la société civile ainsi que certains postes pour des membres des partis politiques.
Les commissions consultatives assistent le Collège échevinal dans leurs décisions. Elles émettent des avis sur divers projets politiques et peuvent proposer des initiatives et des actions concrètes. Ces avis et conclusions sont pris en compte par le Conseil communal lors de la prise de décisions.
Si vous êtes intéressés à devenir membre dans une des commissions consultatives ou groupes de travail vous pouvez poser votre candidature jusqu’au 18 septembre moyennant le coupon-réponse.
Vous trouverez de plus amples informations sur le dépliant.