Fréijoersforum op der Metzeschmelz
De Samschden 22. Abrëll 2023 huet d’AGORA zesumme mat der Stad Esch an der Gemeng Schëffleng op de Fréijoersforum invitéiert. “Informatioun” a “Participatioun” gi bekanntlech beim Plangen an Ausschaffe vun dësem urbanistesch iwweraus wichtege Projet fir béid Gemenge grouss geschriwwen.
An dësem Zeeche stoung och de Fréijoersforum, deen am Bâtiment 5, der “Maison Metzeschmelz”, stattfonnt huet. Am Viraus haten sech eng 150 Persounen ageschriwwe fir an 3 verschiddenen Oarbechtsgruppe matzeschaffen. Hei goung et em d’Mobilitéit um Site, déi tëschenzäitlech Notzung vum Site an em den ëffentleche Raum respektiv déi ëffentlech Plazen.
Informatiounen zu der Metzeschmelz:
– 63 ha
– 91% gehéieren zu der Stad Esch
– 9% gehéieren zu der Gemeng Schëffleng
– 8.000-10.000 Leit solle spéider heihinner wunne kommen
– weider Charakteristike vun dësem zukünftege Quartier: autoarm, klimaneutral, klimaresistent, nohalteg, mënschefrëndlech.
Méi Informatiounen op metzeschmelz.lu