02.12.2022

Pressekonferenz Moulin Bestgen

LU

Den 1. Dezember 2022 huet Gemeng Schëffleng eng Pressekonferenz iwwert de Projet, dee soll am Moulin Bestgen ëmgesat ginn, gehalen. An Presenz vum Vertrieder vum Minister Claude Meisch, dem Här Gilles Dahmen, Premier Conseiller de Gouvernement an dem Här Louis Weisgerber, Architekt, ass de Projet mat den Detailer vun der Transformatiounsaarbecht an dem Redressement vum Gebai virgestallt ginn. D’Press hat natierlech och d’Méiglechkeet hir Froen ze stellen.

D’Iddi ass,  datt hei en neie Centre socio-thérapeutique (CTS) vun der asbl TELOS Education Schëffleng soll entstoen – eng Structure d’accueil de jour fir Kanner aus dem Enseignement fondamental a fir en accompagnement scolaire et pédagogique renforcé.

De Restaurant bleift och erhalen, dëse wäert awer wärend der Bauzäit an de Renovatiounsaarbechten zou sinn.

Hei fannt Dir de Pressedossier mat méi Detailer.

 

FR

Le 1er décembre 2022, la Commune de Schifflange avait invité à une conférence de presse au sujet du Moulin Bestgen. En présence du représentant du ministre Claude Meisch, Gilles Dahmen, Premier Conseiller de Gouvernement, et de l’architecte Louis Weisgerber, les détails de la transformation du bâtiment ont été présentés aux journalistes qui ont pu poser leurs questions.

Le nouveau centre socio-thérapeutique (CTS) de l’asbl TELOS Education Schifflange sera une structure d’accueil de jour pour enfants de l’enseignement fondamental et garantira un meilleur accompagnement scolaire et pédagogique renforcé aux futurs résidents.

Le restaurant, fermé pendant les travaux de rénovation, sera maintenu.

Voici le dossier de presse.