13.10.2022

Diamantenhochzäit Goedert-Bianchy

De Buergermeeschter Paul Weimerskirch gratuléiert dem Här Goedert Adolphe an der Madamm Bianchy Marie fir hir Diamantenhochzäit.

Si hu sech deemools den 12. Oktober 1962 zu Esch/Ulzecht bestuet, moies fréi um 7 Auer an der Kierch an um 16 Auer op der Gemeng – dat wëssen se nach ganz genau. Si liewe säit 1980 hei zu Schëffleng.

D’Koppel krut e Bouquet Blummen an e Buch iwwert onsere Minett geschenkt zu dëser frouer Geleeënheet.

Si hu sech schonn als Jugendlecher kannt, well se zesummen als Noperen zu Esch opgewuess sinn. Hiert Geheimnis fir sou laang beieneen ze bleiwen? « Et gëtt keen », seet d’Madamm Bianchy, « an all Stot gëtt et Sträit, den Trick ass just drun ze schaffen. »

Mat hirer grousser Famill vu 4 Kanner, 8 Enkelkanner a 5 Urenkel sinn déi 2 Verléifter genuch beschäftegt.

Den Här Goedert ass awer nach niewebäi passionéierte Gäertner a këmmert sech em säi Geméis, Hénger a Kanéngercher selwer.