24.06.2022

Nationalfeierdag 2022

Séance académique:

Am Virfeld vun eisem Nationalfeierdag hat d’Gemeng och dëst Joer nees eng akademesch Sëtzung am Centre Sportif organiséiert.

Eng 100 Leit aus dem ëffentleche Liewe konnt de Buergermeeschter Paul Weimerskirch den 20. Juni begréissen, ënner anerem den Éierebierger Jean Spautz an den Éierebuergermeeschter Roland Schreiner.

Bei senger Usprooch ass de Buergermeeschter drop agaangen, datt et schéin ass, dass een sech nees kann all zesumme versammelen, no enger längerer a schwiereger Pandemie an datt et awer net evident ass, datt mir a Fridden eist Liewe genéisse kënnen – dëst well jo net allzewäit vun eis nach ëmmer Krich herrscht. Ënnerstrach gouf och de Fait, datt jiddereen zu Schëffleng en Doheem däerf fannen an datt mir als Gemeng vill Wäert op e gutt Zesummeliewe leeën.

Geéiert bei dëser spezieller Geleeënheet gouf och d’Madame Nicky Kaiser-Naegelin aus dem STNI fir seng 25 Joer Déngscht fir d’Gemeng.

Fotoe vun der Séance fannt Dir an der Galerie.

 

Schëfflenger Fest:

Den 22. an den 23. Juni 2022 war endlech nees eist traditionellt Schëfflenger Fest!

Nom Te Deum, dem Cortège an der Ried vum Buergermeeschter konnt dunn no der Pandemie-Paus endlech nees zwee Deeg um Stéck gefeiert ginn. Hei huet de Buergermeeschter Paul Weimerskirch vun der Geleeënheet profitéiert fir un eis gesellschaftlech Wäerter an d’Wichtegkeet vum „Mateneen“ z’erënneren.

18 Veräiner hu bei eisem Haapt-Volleksfest mat engem Iess- oder Gedrénksstand matgemaach a ronn 20 Veräiner hunn um Cortège deelgeholl. Am Ganze sinn 8 Museksgruppen opgetrueden, ee Feierspektakel um Virowend an eng Partie Optrëtter vu Schëfflenger Veräiner hunn hei Jonk a manner Jonk begeeschtert.

Fir Kanneranimatioun war och méi wéi gesuergt mat engem Gokart Parcours, Intefëschen a Bastelaktivitéite um Nationalfeierdag. Esou ass jiddereen op seng Käschte komm. D’Sonn war di ganzen Zäit um Rendez-Vous an – trotz engem kuerzen awer heftege Schauer als spektakulären Ofschloss – war domat d’Schëfflenger Fest 2022 e kompletten Erfolleg! Jidderengen, deen op iergendeng Aart a Weis involvéiert war: VILLMOOLS MERCI!

D’Fotoen an de Film fannt Dir geschwënn an eiser Galerie.

 

Usprooch vum Här Buergermeeschter:

Vive, vive, vive!

Hei kënnt Dir dem Buergermeeschter, Paul Weimerskirch, seng Ried, déi hien am Virfeld vun eisem Nationalfeierdag um Radio Gutt Laun opgeholl huet, nolauschteren: