16.06.2022

Remise Zertifikatioun um Klimapakt-Dag

Schëffleng huet als éischt lëtzebuerger Gemeng e Goldaudit am Kader vum Klimapakt 2.0 gemaach, mat engem Score vu 86,5% vun de Punkten.

Doduerch dass mer schon zënter laangem aktiv sinn am Beräich „Economie circulaire“ an och bei der „Klimawandelupassung“ konnte mer trotz verschärfte Critèren eise Score vun 2019 op Basis vum virege Klimapaktmesurekatalog nach ëm 2 Punkte verbesseren.

Mir sinn houfreg, dass mer mat dësem exzellente Resultat europawäit tëscht méi ewéi 1.200 Gemengen op der 8. Plaz stinn. Den europäesche Goldzertifikat hu mer schon am November dat lescht Joer zu Ravensburg iwwerreecht kritt.

Dëst Resultat ënnersträicht, dass mer mat eise laangjäregen Engagementer am Beräich Nohaltegkeet a Klimaschutz um richtege Wee sinn an dass Schëffleng mat Recht op der europäescher Landkaart als innovativ a motivéiert Gemeng figuréiert.

De Marc Spautz, Schäffen, an de Manfred Greger, President vun der Ëmweltkommissioun, konnten de Präis fir d’Gemeng Schëffleng um Klimapakt-Dag 2022 den 9. Juni entgéint huelen:

Foto Credit: ©Klima-Agence

 

 

De Pressedossier a weider Fotoe vum Klimapakt-Dag fannt Dir ënnert dësem Link.

 

An hei nach eemol als Erënnerung d’Foto vun der europäescher Zertifikatioun « European Energy Award Gold » vun November 2021 zu Ravensburg: