Esch2022: Die Maschine steht still – Virstellung fir schëfflenger Bierger
“Die Maschine steht still” – e Stéck, wat de Mediekonsum an d’Technologien aus der haiteger Zäit kritesch ënnert d’Lupp hëlt. D’Publikum gëtt net nëmmen emotional mat op eng Rees geholl, mee och raimlech: nom Start op der futuristescher Gare Belval-Universitéit transportéiert d’Geschicht si op de Site vun ArcelorMittal op Esch-Schëffleng.
Am Kader vun dësem flotte Projet invitéiert de Schäfferot op eng Virféierung zum reduzéierte Präis vun 10€ fir d’Schëfflenger Bierger,
Dënschdes, de 5. Juli um 19.30 Auer
Umeldung: bis den 24.06 via Telefon: +352 264412701 oder Email:
Weider Informatiounen zum Stéck fannt Dir hei.