Sicona: Wëllplanzesom Lëtzebuerg
LUX-Mëschungen – Geseemsmëschunge mat heemesche Wëllplanzen aus regionalem Ubau
Fir d’Biodiversitéit ze ënnerstëtzen ass eng qualitativ héichwäerteg Geseemsmëschung mat Wëllplanzen aus eiser Regioun gëeegent. D‘Naturschutzsyndikat SICONA an den Naturmusée schaffe zanter e puer Joer zesumme mat weidere Partner um Opbau vun enger Lëtzebuerger Someproduktioun vu Wëllplanzen. D’Zil ass fir mat Hëllef vu Lëtzebuerger Bauere Som vun heemesche Wëllplanzenaarten ze produzéieren.
Gemengen a Privatleit, déi eng Blummewiss op ëffentleche Gréngflächen oder doheem am Gaart uleeë wëllen, recommandéiere mir d’LUX-Mëschunge vun der Firma Rieger-Hofmann. Dës Mëschungen enthalen nëmmen Aarten, déi zu Lëtzebuerg natierlech virkommen a wichteg Fudderplanze fir eis heemesch Päiperleken an aner Insekte sinn.
Wou kann ee LUX-Mëschunge kafen?
Fir kleng Flächen vun 25–50 m2 kennen 100 g Tuten vun den dräi Mëschungen LUX-Blumenwiese, LUX-Schotterrasen a LUX-Bunter Saum & Schmetterlingspflanzen bei folgende Partner an Ärer Ëmgéigend kaft ginn:
Diddeleng, Fondation Kräizbierg
Käerch, Krautgaart
Kockelscheier, Haus vun der Natur
Lëtzebuerg, Ëmweltberodung Lëtzebuerg
Lëtzebuerg, Oekozenter Pafendall
Weider Verkafsplazen a vill zousätzlech Informatioune zum „Wëllplanzesom Lëtzebuerg” fannt Dir op www.sicona.lu/projekte/saatgut.
All d’LUX-Mëschunge kënnen och a gréissere Quantitéiten am Web-Shop vun der Firma Rieger-Hofmann ënnert „Mischungen für Luxemburg“ bestallt ginn: www.rieger-hofmann.de.
Fir déi richteg LUX-Mëschung auszewielen, berode mir Iech gären.