03.03.2022

Krich ass e Verbriechen un der Mënschheet!

An der Ukrain huet de Krich ugefaangen. Eng Noricht, déi kee wollt héieren, mee déi de 24. Februar 2022 leider zur Realitéit ginn ass…

D’Gemeng Schëffleng, déi och Member vu Mayors for Peace ass, bedauert wéi bal de Rescht vun der Welt, déi dramatesch Situatioun an der Russland-Ukrain-Kris a wëll dofir mat Iech e Statement vum Oberbürgermeister vun Hannover Belit Onay deelen: Hei de Statement. Mir weisen och haut an an deenen nächste Wochen a Méint eis Solidaritéit mat dem ukrainesche Vollek.

 

Mayors for Peace ass eng international Organisatioun vu Stied, déi sech der Friddensaarbecht an haapsächlech der atomarer Ofrüstung verschriwwen huet. Mayors for Peace ass 1982 op Initiativ vum deemolege Buergermeeschter vun Hiroshima, Takeshi Araki, gegrënnt ginn.