18.01.2022

Wantervullenzielung / Recensement des oiseaux

Déi traditionell Wantervullenzielung vun natur&ëmwelt erlaabt et, d’Bestänn vun den heefege Vullenaarten zu Lëtzebuerg anzeschätzen a Populatiounstrends iwwert d’Jore festzestellen.

Hëlleft och Dir ze zielen an huelt Iech tëschent dem 28. an dem 30. Januar eng Stonn Zäit fir d’Vullen an Ärem Gaart oder um Balcon ze zielen.

All weider Informatiounen zur Zielung, der Umeldung an de Präisser, déi et ze gewanne ginn, fannt Dir hei.