Flotte Weekend mat den Hobbybastler
De 27. an 28. November 2021 konnt endlech erëm en Hobbymoart zu Schëffleng stattfannen. Hei hunn insgesamt 32 Fräizäitkënschtler hir schéinste Wierker ausgestallt a bei 2 Informatiounsstänn vu SOS Faim a Fairtade Lëtzebuerg konnten d’Visiteure sech informéieren, a wa si wollten, sech fir e gudden Zweck engagéieren.
Am Kader vun der gewinnter ‘Ronde officielle’ hunn de Buergermeeschter Paul Weimerskirch an de President vun der Kultur-, Sport- a Fräizäitkommissioun Yves Marchi de ville Leit, déi do ware Merci gesot. Zesumme mam Schäffen- a Gemengerot hu si sech doropshin e Bild vun deene ville Konschtwierker gemaach.
Niewend den Hobbybastler waren och eng ganz Partie Experte vun de « Stammdëschfrënn Spur 0 » zum Thema Modelleisebunn um Wierk an hunn de Leit hir beschte Maschinne gewisen.
Eng Rei Schëfflenger Veräiner hu wärend dësem Weekend fir d’Iessen an d’Gedrénks gesuergt.
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2021/11/DSF1191-1024x683.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2021/11/DSCF3493-1024x683.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2021/11/DSCF3516-1024x683.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2021/11/DSCF3524-1024x683.jpg)