Ouverture vun der Saison 2021/2022 vum « Grousse Maart »
Wéi all Joer gouf déi nei Saison fir de « Grousse Maart » op der Fräiheetsplaz am Oktober opgemaach. Och dëst Joer waren de « Lëtzebuerger Maarteverband » , « d’Assosiation des Professionnels des Foires et Marchés » an « d’ACAS-Geschäftsverband Schëffleng” vum Schëfflenger Schäfferot op déi offiziell Ouverture invitéiert.
An enger kuerzer Usprooch huet de Buergermeeschter Paul Weimerskirch, begleet vun de Schäffen Albert Kalmes a Carlo Lecuit, betount, dass si frou sinn, d’Maartleit all zweete Méinden am Mount op der Fräiheetsplaz begréissen ze kënnen. E grousse Merci huet de Paul Weimerskirch un d’Händler geriicht, déi bei all Wieder hire Stand op der Plaz opriichten.
Als Merci huet de « Lëtzebuerger Maarteverband » der Gemeng zwou Corbeillen iwwerreecht.
No der offizieller Ouverture gouf et fir all Visiteur e Kaffi an e Croissant, a konnten duerno gemittlech iwwert de Maart trëppelen.
Hei gesitt Dir dat Ganzt resuméiert a Bild an Toun: Reportage vun der AMCIS
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2021/10/Site-2.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2021/10/Site-3.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2021/10/P1110481.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2021/10/P1110487.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2021/10/P1110489.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2021/10/P1110493.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2021/10/P1110496.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2021/10/P1110498.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2021/10/P1110499.jpg)