Dräi nei Gefierer fir eis Gemengeservicer
Den 2. August 2021 huet de Schäfferot offiziell dräi nei Gefierer iwwerreecht kritt:
Heibäi handelt et sech ëm:
- Mercedes Unimog fir eise „Service transport“ .
Dëst Gefier kënnt haaptsächlech de Wanter an den Asaz (285.000.-)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2021/08/P1100705.jpg)
- Toyota RAV4 Hybrid fir de „Service Regie“ (39.400.-)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2021/08/P1100707.jpg)
- Mercedes Sprinter fir de „Service circulation“ (114.000.-)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2021/08/P1100730.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2021/08/P1100710.jpg)
Dëst mécht en Investissement vu 438.400.- € déi am Budget 2020 an 2021 virgesi waren.
Nodeem de Buergermeeschter Paul Weimerskirch a Präsens vun de Schäffen Albert Kalmes, Marc Spautz a Carlo Lecuit d’Schlëssele vun de fonkelneie Gefierer kritt huet, huet hien des direkt un di dréi Chauffere weiderginn.
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2021/08/P1100724.jpg)