Elephant Parade Luxembourg Tour 2021
Elephant Parade Luxembourg Tour 2021- och eis Gemeng mécht mat!
Vum 12. Juli bis den 13. September 2021 stinn dräi faarweg Baby-Elefanten op der Gemengeplaz. All Elefant ass een individuellt Konschtstéck. D’Statue vun de Baby-Elefanten sinn a Naturgréisst a goufe
schonn uechter déi ganz Welt ausgestallt. Zil vun der „Elephant Parade®“ ass et fir d‘Leit op d’Erhale vun den Elefanten ze sensibiliséieren (www.elephantparade.com).
Des ganz Aktioun ass natierlech mat engem flotten Gewënnspill verbonnen – kommt a maacht all mat.
All Détailler fann Dir um ugespéngelten Flyer:
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2021/07/P1100667.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2021/07/P1100668.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2021/07/P1100669.jpg)