26.04.2021

Aweiung vum nei dekoréierte Schoulbus fir eis Schoulkanner 

E Freideg, den 23. Abrëll huet de Buergermeeschter zesumme mam Schäffen- a Gemengerot den neie Look vum Flitzi, sou heescht de Schoulbus hei zu Schëffleng, offiziell virgestallt.

Well dëse Bus jo fir d’Kanner geduecht ass, solle si och kënne matbestëmmen, wéi hire Bus soll ausgesinn. Dofir hat d’Gemeng Schëffleng e Molconcours lancéiert an eng 800 Kanner hunn hirer Fantasie fräie Laf gelooss an hir Iddien op d’Blat bruecht. Vill flott a faarweg Biller si vum Léierpersonal gesammelt ginn an et war net liicht déi Bescht erauszesichen.

Nodeems an deenen dräi Schoule schonn eng éischt Selektioun gemaach ginn ass, huet de Schäfferot ënnert deene verbliwwenen en „tirage au sort“ gemaach. Di Glécklech Gewënnerin war deemools d’Iris Soares Fugueiredo aus der Klass vun der Mme Nancy Keller (Albert Wingert-Schoul). Vun dëser Plaz aus him nach eemol e grousse Merci.

Eng dorop spezialiséiert Firma huet d’Gewënnerbild elo am Abrëll 2021 op déi ganz Surface vum Bus gepecht.

 

Kuckt Iech de Video vun der Aweiung un (Merci nach eemol der AMCIS vun dëser Plaz aus!)