09.11.2020

Jugendhaus: Aktivitéiten November / Dezember

D’Schëfflenger Jugendhaus deelt mat, dass si, esou laang d’Reegelunge vum Ministère et zouloossen, weiderhin ënnert hirer Responsabilitéit Aktivitéite fir eis Jonk Matbierger ubidden. Bei allen Aktivitéiten ginn déi Sanitär Consignen agehalen. Hei d’Aktivitéiten, déi nach bis Enn des Joers geplangt sinn:

Schlittschong fueren / Escape Room / Funny Mountain (kloteren) / Filmowend / Karting

All weider Informatiounen an Detailer kritt Dir direkt am Jugendhaus.