Ouverture vun der Saison 2020/2021 vum « Grousse Maart »
Wéi all Joer gouf déi nei Saison fir de « Grousse Maart » op der Fräiheetsplaz am Oktober opgemaach. Och dëst Joer waren de « Lëtzebuerger Maarteverband » , « d’Assosiation des Professionnels des Foires et Marchés » an « d’ACAS-Geschäftsverband Schëffleng” vum Schëfflenger Schäfferot op déi offiziell Ouverture vun der Saison vum « Grousse Maart » invitéiert.
An enger kuerzer Usprooch huet de Buergermeeschter Paul Weimerskirch, begleet vun de Schäffen Albert Kalmes a Carlo Lecuit, betount, dass si frou sinn, d’Maartleit all zweete Méinden am Mount op der Fräiheetsplaz begréissen ze kënnen. E grousse Merci huet de Paul Weimerskirch un d’Händler geriicht, déi bei all Wieder hire Stand op der Plaz opriichten.
Als Merci huet de « Lëtzebuerger Maarteverband » der Gemeng Blummen iwwerreecht.
No der offizieller Ouverture gouf et fir all Visiteur e Kaffi an e Croissant, a konnten duerno gemittlech iwwert de Maart trëppelen.
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2020/10/Site-0-1024x687.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2020/10/Site-1024x623.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2020/10/Site-2-1024x735.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2020/10/Taschen-1024x647.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2020/10/Kleider-1024x740.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2020/10/Poulet-1024x669.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2020/10/Burg-1024x668.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2020/10/Lecker-1024x681.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2020/10/Nappen-1024x698.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2020/10/Paul-....Burg_-1024x672.jpg)