Nei Lifter funktionéieren
D’Gemeng Schëffleng ass frou Iech dierfe matzedeelen, datt säit haut (26.08.2020) d’Lifter am Souterrain Soltgen-Hudelen (op der Héicht vun der Crèche) a Betrib sinn. Dir kënnt also vun elo u ganz einfach duerch den Tunnel vun där enger Säit vun de Gleiser op di aner kommen. E weidere Schratt a Richtung “Barrièrefräiheet” ass gemaach!
Kuckt Iech de Plan d’accès un!
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2020/08/lift1-1024x1024.jpg)
![](https://schifflange.lu/wp-content/uploads/2020/08/lift2-1024x1024.jpg)