03.07.2024

A la découverte de l’apiculture

FR

Le 29 juin 2024, les habitants de Schifflange ont pu découvrir le monde passionnant des abeilles et du miel. Monsieur Schroeder a ouvert ses portes pendant deux heures et a partagé avec enthousiasme de nombreuses informations précieuses avec les personnes intéressées. Cela a également permis de briser de nombreuses informations erronées, notamment qu’il soit préférable de donner régulièrement de l’eau aux abeilles et d’éviter l’eau sucrée parce que cela affecterait la qualité du miel.

La Commission de l’environnement a remercié la Commune de Schifflange pour son soutien lors de cette matinée intéressante.

 

LU

Den 29. Juni 2024 konnten d’Schëfflenger Bierger déi spannend Welt vun de Béien an dem Hunneg besser kenneléieren. Den Här Schroeder huet seng Diere fir 2 Stonnen opgemaach an den Interesséierte vill wäertvoll Informatioune mat Begeeschterung matgedeelt. Et konnt och mat munch Feelinformatioun gebrach ginn, ënnert anerem dass en de Béie léiwer normaalt Waasser ginn an op Zockerwaasser verzichte sollt – dëst hätt Auswierkungen op d’Qualitéit vum Hunneg.

D’Ëmweltkommissioun huet sech bedankt fir déi wäertvoll Ënnerstëtzung vun der Schëfflenger Gemeng a fir den interessante Mueren.