14.06.2024

Remise des diplômes à Schifflange: Un moment de célébration et d’accomplissement

FR

Le 13 juin, la Commune de Schifflange a célébré une cérémonie de remise des diplômes pour honorer les nouveaux diplômés des formations d’Animateur A et de Premiers Secours. En présence du collège échevinal et des familles des participants, le bourgmestre a honoré les nouveaux diplômés dans une ambiance festive.

Lors de la première partie, un cinquantaine lauréats ont reçu leurs diplômes de Premiers Secours. Ces citoyens ont acquis des compétences essentielles pour intervenir en cas d’urgence, renforçant ainsi la sécurité de la commune.

La seconde partie a célébré sept animateurs qui ont suivi une formation intensive, les préparant à encadrer et animer divers groupes de jeunes.

Le bourgmestre Paul Weimerskirch ensemble avec M. Victor Gomes (CIS) et Mme Janine Smith (Maison des Jeunes) a remis les diplômes et un petit cadeau à chaque participant, en soulignant l’importance de leur engagement et de leur formation. La cérémonie s’est terminée par des félicitations et un moment convivial, mettant en avant l’esprit communautaire de Schifflange.

 

LU

Den 13. Juni huet d’Gemeng Schëffleng wärend enger Diplomiwwerreechung déi nei Absolvente vun den Animateur A an der Éischt Hëllef Formatiounen gefeiert.
A Präsenz vum Schäfferot an de Famillje vun de Participanten huet de Buergermeeschter an enger festlecher Ambiance déi nei Absolventen geéiert.

Am éischten Deel krute ronn 50 Absolventen hire CGDIS-Éischt Hëllef Diplom. Si hu wichteg Kompetenze gewonne fir an Noutfäll kënnen ze intervenéieren an doduerch d’Sécherheet vun hire Matbierger ze garantéieren.

Den zweeten Deel huet siwe jonk Animateure geéiert, déi eng intensiv Ausbildung hannert sech hunn an där si geléiert hu verschidde Jugendgruppen ze encadréieren an ze animéieren.

De Buergermeeschter Paul Weimerskirch huet zesumme mam Här Victor Gomes (CIS) an dem Janine Smith (Jugendhaus) all Participant säin Diplom an e klenge Kaddo iwwerreecht an d’Wichtegkeet vun hirem Engagement an der Formatioun ënnerstrach. D’Zeremonie ass ofgeschloss gi mat Felicitatiounen an engem klenge Patt.