16.05.2024

Fréijoersfest / Fête du printemps

FR

Organisée par la Commission des seniors en partenariat avec la Commune de Schifflange, cette après-midi spéciale a été conçue pour célébrer le renouveau printanier dans une atmosphère chaleureuse et accueillante.

Bien que le public cible était nos chers aînés de Schiffange, cette fête était ouverte à tous, accueillant des sourires de tous âges. L’association Motor Union s’est jointe à la commission pour griller de délicieuses spécialités et offrir une sélection rafraîchissante de boissons.

Malgré un ciel voilé, l’enthousiasme des participants n’a pas faibli et a fait de cette fête du printemps un moment inoubliable, témoignant une fois de plus l’esprit de partage de Schifflange.

 

LU

Organiséiert vun der Seniorekommissioun, zesumme mat der Gemeng Schëffleng, war dëse speziellen Nomëtteg a gemittlecher Atmosphär, geduecht fir zesummen d’Fréijoer ze feieren.

Obschonn d’Zilpublikum eis léif Seniore vu Schëffleng waren, war jideree wëllkomm fir matzefeieren. D’Motor Unioun huet sech der Kommissioun ugeschloss a fir lecker Gegrilltes an eng erfrëschend Auswiel u Gedrénks gesuergt.

Trotz engem bedeckten Himmel war d’Begeeschterung vun de Participante grouss, sou datt vill gelaacht a gepotert ginn ass, an dëst d’Fréijoersfest zu engem flotten Erliefnes gemaach huet.