27.03.2024

« AccessibleEU »: Des communes pour tous – Gemenge fir jiddereen

FR

Le 9 juillet 2018, le collège des bourgmestre et échevins de la Commune de Schifflange a signé sa première charte « Design 4 All ».
Dans cet ordre d’idée un atelier a été organisé dans le cadre de l’initiative “AccessibleEU” en date du 26 mars 2024 dans le Hall Polyvalent à Schifflange. Cet atelier a porté sur l’échange de connaissances, de problèmes et de bonnes pratiques pour la mise en œuvre d’un projet de communes accessibles dans tous les domaines. Le ministre des Affaires intérieurs Léon Gloden et le Ministre de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l’Accueil Max Hahn ont tenu à participer à cet atelier et à aborder le thème de l’égalité des chances du point de vue de leurs ressorts respectifs.
Ce fut également l’occasion pour les communes de Schifflange, de Sanem et la Ville de Luxembourg de présenter le travail déjà réalisé dans le domaine de l’inclusion. Dans ce contexte, les différents responsables politiques et techniques ont donné un aperçu de leurs engagements actuels et futurs et se sont échangés sur la manière d’améliorer la qualité de vie pour tous et cela dans toutes les communes.

 

LU

Den 9. Juli 2018 huet de Schäfferot vun der Gemeng Schëffleng seng éischt « Design 4 All » – Charta presentéiert.

An dësem Sënn gouf de 26. Mäerz 2024  zu Schëffleng am Hall Polyvalent e Workshop am Kader vun der Initiativ AccessibleEU organiséiert. An dësem Workshop ass et ëm den Austausch vu Wëssen, Problemer a Best Practices vun der Verwierklechung vun engem Design fir barrièrefräie Gemengen an alle Beräicher gaangen. Den Inneminister Léon Gloden esou wéi de Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil Max Hahn hu sech d’Chance net huele gelooss un dësem Workshop Deel ze huelen an iwwer d’Thema vu gläiche Chancë fir jiddereen aus der Siicht vun hirem Zoustännegkeetsberäich ze schwätzen.

Et war awer och d’Chance fir d’Gemeng Schëffleng sou wéi d’Stad Lëtzebuerg an och d’Gemeng Suessem fir hir aus de leeschte Jore scho geleeschten Aarbecht am inklusive Beräich sou wéi déi momentan an zukünfteg Projete virzestellen an dorop anzegoen, wéi d’Liewensqualitéit an de Gemengen an alle Beräicher fir jidderee ka verbessert ginn.