08.02.2024

« Commune sans tabac – Génération sans tabac »

FR

La Commune de Schifflange est fière d’être partenaire, arborant le label bronze, de la campagne « Commune sans tabac – Génération sans tabac » de la Fondation Cancer Luxembourg.

Dans le cadre de la lutte contre le tabagisme, la Fondation Cancer déploie la stratégie ambitieuse intitulée « Génération Sans Tabac 2040 ». Cette initiative vise à créer un monde sans fumée en mettant en œuvre diverses actions tout au long de l’année 2024 et dans les années à venir.

L’objectif majeur de cette stratégie est de permettre aux enfants et aux jeunes de grandir dans un environnement sans tabac. Ils sont appelés à devenir la première « Génération Sans Tabac ».

Actuellement, le taux de fumeurs dans la population luxembourgeoise est d’environ 28%. La fondation vise à réduire ce taux à moins de 5% de la population d’ici 2040. Étant donné que les communes sont régulièrement en échange avec leurs citoyens et les associations locales, elles contribuent à atteindre les objectifs de la stratégie.

La participation à cette initiative était non négociable pour la commune de Schifflange et ses responsables politiques, comme le souligne Paul Weimerskirch, bourgmestre : « Il va de soi que notre commune soutient cette campagne. S’engager pour la santé, la prévention du cancer et la protection des enfants, des jeunes et des adolescents n’est pas un luxe, mais une nécessité ».

Avec ce geste de solidarité envers cette cause, la Commune de Schifflange a décidé de soutenir activement la Fondation Cancer dans son projet.  Cette collaboration souligne l’importance de mobiliser les efforts locaux pour lutter contre le tabagisme et de promouvoir ainsi un mode de vie sain et sans fumée.

 

LU

D’Gemeng Schëffleng ass mam « Label Bronze » vun der Campagne « Commune sans tabac – Génération sans tabac » elo offizielle Partner vun der Fondation Cancer Luxembourg

Am Kampf géint d’Fëmmen huet d’Fondation Cancer eng ambitiéis Strategie mam Titel « Génération sans tabac 2040 » op d’Bee gestallt. Dës Strategie huet zum Zil eng fëmmfräi Welt ze schafen andeems se eng sëllegen Aktiounen a Kollaboratiounen an de kommende Jore virgesäit, déi all zum Zil hunn eis Kanner a Jugendlech vun haut bis zum Joer 2040 zu der éischter « Generatioun ouni Tubak » ze maachen.

Aktuellen Ëmfroen no läit den Taux vu Leit déi fëmmen an der Populatioun bei 28%, ënnert hinnen och ganz vill Jonker. Zesumme mat hire Partner wëll d’Fondatioun dësen Taux bis 2040 ënnert 5% drécken. Bei dëser Zilsetzung sinn d’Gemengen essentiel Partner, well si am direkten Austausch mat hire Bierger an hire lokale Veräiner stinn, an esou mathëllefe kënnen d’Objektiver vun dëser Strategie ze erreechen.

Fir de Schäfferot vun der Gemeng Schëffleng stoung et ausser Fro, net bei esou enger Campagne mat ze maachen. De Buergermeeschter Paul Weimerskirch ënnersträicht : «  Natierlech ënnerstëtzt Schëffleng dës Aktioun. Sech fir d’Gesondheet, d’Kriibspreventioun an de Schutz vu Kanner, Jonker a manner Jonker anzesetzen ass kee Luxus, mee eng absolut Necessitéit. »

An engem Geste vu Solidaritéit mat dëser Saach huet d’Gemeng Schëffleng decidéiert d’Fondatioun Cancer aktiv z’ënnerstëtzen. Dës Zesummenaarbecht ënnersträicht d’Wichtegkeet vun der Mobiliséierung vu lokalen Efforte fir d’Fëmmen ze bekämpfen an e gesonde Liewensstil ze fërderen.

 

www.generationsanstabac.lu / www.cancer.lu

Facebook

@fondationcancerluxembourg

@generationsanstabacluxembourg

Instagramm

@fondationcancerluxembourg

@generationsanstabac.lu

Linkedin

@fondationcancer

@generationsanstabacluxembourg