23.01.2024

Ministre Hahn en visite des « Tiny Houses »

FR

Le 23 janvier, Max Hahn, ministre de la Famille, des Solidarités, du Vivre Ensemble et de l’Accueil, en présence du collège des bourgmestre et échevins, ainsi que des représentants de la Commune de Schifflange, d’Oikos-concept et de Polygone, a participé à une visite des « Tiny Houses » dans la rue de Drusenheim.

Il s’agit de trois logements entièrement meublés, chacun offrant une superficie de 35 m2 pour accueillir une famille avec enfants. Les petites maisons sont équipées de lits (en bas et en haut de la mezzanine), de climatisation, d’un chauffage au sol et de tout le nécessaire. Ces habitations ont été installées à Schifflange dans le but d’héberger trois familles ukrainiennes. Un point essentiel de cette visite était de souligner l’importance de tels abris d’urgence pour les demandeurs d’asile et les réfugiés.

Le ministre Hahn a été chaleureusement accueilli par les habitants qui avaient préparé des sucreries.

 

LU

Den 23. Januar war de Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, Max Hahn,  zesumme mam Schäfferot,  esouwéi Vertrieder vun der Gemeng Schëffleng, vun Oikos-concept a vu Polygone, op Visitt vun den Tiny Haiser an der Drusenheimstrooss.

Et handelt sech ëm dräi fäerdeg miwweléiert Logementer, déi jeeweils 35m2 Plaz fir eng Famill mat Kanner opweisen. Ekipéiert sinn déi kleng Haiser mat Better (ënnert an iwwert der Mezzanin), enger Klimaanlag, Foussbuedemheizung an allem wat een esou brauch. D’Haiser sinn zu Schëffleng installéiert gi fir 3 ukrainesch Famillen opzehuelen.

Schlësselpunkt vun der Visitt war d’Wichtegkeet vun esou Noutënnerkënft fir Asylanten a Flüchtlingen ze ënnersträichen. De Minister Hahn gouf vun den Awunner, déi Séissegkeete virbereet haten, häerzlech begréisst.