23.01.2024

Formatioun Animateur A (16 – 30 Joer)

D’Gemeng Schëffleng proposéiert och 2024 an Zesummenaarbecht mam Schëfflenger Jugendhaus dës Formatioun. Domat kann ee spéider als Animateur/Animatrice un Aktivitéite fir Kanner a Jugendlecher an de Schoulvakanzen deelhuelen an zesumme mat de Responsabelen Aktivitéiten organiséieren, duerchféieren an d’Participante begleeden.

D’Formatioun gëtt vum Service Nationale de la Jeunesse zertifiéiert a fënnt zu Schëffleng an an der Ëmgéigend statt.

 

Schwéierpunkte sinn:
– Rôle vum Animateur

– Entwécklung vu Kanner a Jugendlechen

– Kommunikatioun

– Sécherheet a Risiken

– Handlungsméiglechkeeten a schwierege Situatiounen

– Ëmgang mat Konflikter

– Éischt Hëllef

– Gesond Iessen

– Aktivitéitsspezifeschen Input


Datumer 2024:

– 24. a 25. Februar

– 23. a 24. Mäerz

– Teamdag 18. Mee

Plus 2 Deeg Ministage am Schëfflenger Jugendhaus, d’Datumer heifir gi mam Animateur zesumme festgeluecht.

 

Umeldung bis de 16. Februar iwwer:

Präis: 55.00€