26.11.2023

2023 war nees Hobbymoart

LU

Fir wanterlech Stëmmung huet den traditionellen Hobbymoart zu Schëffleng de Weekend vum 25. a 26. November 2023 gesuergt.

Insgesamt hunn 41  Hobbykënschtler hir schéinste Wierker an Aarbechten ausgestallt an d’Leit konnte schonn deen een oder anere Chrëschtdagskaddo fir hir Léifst hei fannen. Vu faarwege Bijouen iwwert selwer gebitze Kleeder bis hin zu metalle Skulpturen a Konterbontes zur Wanterzäit war alles dobäi.

Solidaritéit war wéi ëmmer grouss geschriwwe beim Hobbymoart an esou waren och eng Hand voll Infostänn zu deene verschiddensten Theme vertrueden an e groussen Deel vun de Suen, déi era komm sinn, goufe fir karitativ Zwecker gespent.

Am Kader vun der ‘Ronde officielle’ hunn de Buergermeeschter Paul Weimerskirch an de President vun der Kulturkommissioun Yves Marchi jidderengem Merci gesot. Zesumme mam Schäffen- a Gemengerot sinn si doropshin bei déi vill flott Stänn kucken gaangen.

Niewent den Hobbybastler war och d’Schëfflenger Jugendhaus um Wierk an huet deene klenge Besicher e kreativen Atelier ganz am Sënn vun der Nohaltegkeet an dem Upcycling ugebueden.

E Merci geet un eis Veräiner, déi sech um Food Village bedeelegt hunn a wärend dem ganze Weekend fir richteg leckert Iessen a Gedrénks gesuergt hunn.

 

FR

Le traditionnel Hobbymoart de Schifflange a créé une ambiance hivernale le weekend du 25 au 26 novembre 2023 au Hall Polyvalent.

Au total, 41 artistes et amateur.ice.s créati.ves.fs ont exposé leurs plus belles œuvres et réalisations. Les visiteurs pouvaient profiter et y trouver l’un ou l’autre cadeau de Noël pour leurs proches.

Comme d’habitude, la solidarité était un aspect important du Hobbymoart, ainsi des stands d’information sur les sujets les plus divers étaient représentés. Les visiteurs ont eu l’opportunité de s’informer ou s’impliquer activement pour la bonne cause.

Dans le cadre de la ronde officielle, le bourgmestre Paul Weimerskirch et le président de la commission de la culture Yves Marchi ont remercié tous ceux qui ont participé au marché. Ensemble avec le conseil communal, ils ont ensuite fait le tour des stands et admiré les jolis créations.

Outre les artistes, la Maison des Jeunes de Schifflange était également sur place et offrait aux petits visiteurs un atelier créatif autours de la thématique de la durabilité et de l’upcycling.

Merci aux associations qui ont participé au Food Village et qui avaient préparé des plats salés et sucrés délicieux et des boissons chaudes pendant tout le weekend.