02.10.2023

Sk8ing Girls 2023 am Skatepark

They see me rollin’…

Nieft dem Hierschtforum vun der Metzeschmelz war och am Schëfflenger Skatepark den 30. September eng weider Editioun vum Sk8ing Girls – déi 5. fir genau ze sinn.

Dëst Event ass eng Zesummenaarbecht vun der Schëfflenger Gemeng mat der Stad Esch. De Kader vum internationale Meederchersdag gëtt säit e puer Joer genotzt, fir d’Skateboarden, d’Longboarden a weider Streetsportarten a Streetart-Kënscht bei de Meedercher méi bekannt ze maachen an ze weisen, dass dëst net just e renge Jongen- a Männerdomaine ass. Et ass awer och en Dag fir déi ganz Famill. Jongen ewéi Meedercher, Kleng ewéi Grouss, Jonk ewéi manner Jonk: jidderee konnt sech an deene verschiddenen Ateliere sportlech a kënschtleresch ausprobéieren, sech bei deene ville Caterings-Stänn vun de Jugendhaiser aus dem Süde verwinne loossen a vun där gudder Stëmmung profitéieren.

Och d’Memberen aus dem Schëfflenger Schäffen- a Gemengerot an aus de Kommissioune fir Sport- a Fräizäit, Chancëgläichheet a Jeunesse hu sech et net huele gelooss fir  laanscht ze kommen a matzemaachen.

E grousse Merci u jiddereen, deen um Sk8ing Girls bedeelegt war – egal ënnert wéi enger Form.

Hei déi éischt Impressioune vum Event. Weider Fotoe fannt Dir an deenen nächsten Deeg an eiser Galerie.