26.06.2023

Akademesch Sëtzung 2023

Fir d’Feierlechkeete vun Nationalfeierdag anzelauden, hat de Schäfferot den 21.06 – wéi d’Traditioun et sou wëll – op eng akademesch Sëtzung agelueden.

Eng 100 Leit aus dem ëffentleche Liewen hate sech an der « Salle Grand-Duc Jean » afonnt fir gemeinsam eisen Nationalfeierdag ze begoen.

No der Begréissung an der Ried vum Buergermeeschter Paul Weimerskirch, hunn dëst Joer déi Jonk d’Wuret kritt fir hir Siicht op Nationalfeierdag ze erläuteren.

De Billy Lorang an de Brian Parisot, zwee Jonker aus dem Jugendhaus an d’Pia Pistrino, Studentin am Schëfflenger Konschthaus waren dofir ageluede ginn.

D’Präsidentin vum « Syndicat d’Initiative et du Tourisme », Esther Zwank, huet hirersäits op d’Wichtegkeet vum Bénévolat an eisem Veräinsliewen higewisen.

Fir de musikaleschen Encadrement waren eis dräi Schëfflenger Choralen zoustänneg, deene mär iwwert dëse Wee nach eng Kéier e groussen MERCI wëlle soen.