20.06.2023

Akademesch Sëtzung am Kader vun Nationalfeierdag 2023

Am Kader vum Nationalfeierdag fënnt mëttwochs, den 21.06. eng akademesch Sëtzung an der « Salle Grand-Duc Jean » vun der Gemeng statt.

Där kënnt des ab 19.00 Auer via Livestream op eisem Site suivéieren

Mär wënschen Iech all elo schon e ganz schéinen Nationalfeierdag

VIVE DE GRAND-DUC, VIVE LËTZEBUERG A VIVE D’SCHËFFLENGER GEMENG

Programm vun der akademescher Sëtzung am Kader vum Nationalfeierdag 2023

  • Musikaleschen Intermezzo: Blo Blimmchen gesongen vun eisen dräi Choralen
  • Begréissung vum Buergermeeschter Paul Weimerskirch
  • Musikaleschen Intermezzo: Mir si glécklech
  • Interventioun vun zwee Jonker aus dem Jugendhaus –
    dem Billy Lorang a Brian Parisot
  • Interventioun vun der Präsidentin vum Syndicat d’Initiative Esther Zwank
  • Musikaleschen Intermezzo: Wat d’Heemecht ass
  • Interventioun vun der Studentin aus dem Schëfflenger Konschthaus Pia Pistrino
  • Éierung vun engem verdéngschtvolle Mataarbechter
  • Ried vum Buergermeeschter

Europahymn (L.v Beethoven) a Nationalhymn (E.Zinnen)