16.06.2023

Sensi-Days mam Cycle 3.1 & 3.2

Am Kader vun de Sensi-Days haten den Cycle 3.1 an 3.2 aus eisen dräi Schoulen op en neits d’Méiglechkeet sech a verschiddenen Atelieren a Mënsche mat  Behënnerungen eranzeversetzen.

Wärend dräi Deeg hu Persounen, déi selwer eng Beanträchtegung hunn oder an deem Beräich schaffen, dëst ugebueden:

– Rollstullparcours (Luxrollers)
– Gebärdesprooch (Hörgeschädigten Beratung)
– Rollstull-Tennis (Tennis Spora)
– Goalball (LPS – Luxembourg Paralympic Committee / CDV – Centre pour le développement des compétences relatives à la vue)
– Malvoyant (Liewe mam Blannemupp / Taaschten / Schreiwen / mam Blannebengel trëppelen (CDV – Centre pour le développement des compétences relatives à la vue)
Blanne-Judo (Judo Flam)

Dës Initiativ vun der Chancëgläichheetskommissioun soll de Kanner d’Beréierungsängscht huelen a si fir d’Thema Behënnerung sensibiliséieren.