20.03.2023

Solidarité vécue à Schifflange

LU

De 17. Mäerz 2023 huet d’Gemeng Schëffleng zesumme mat der Asbl Schëffleng Hëlleft an der « ACTL – Association Culturelle Turque au Luxembourg » innerhalb vu kuerzer Zäit e Benefizconcert am Hall Polyvalent op d’Bee gestallt. Dëst fir den Affer vun de schlëmmen Äerdbiewen an der Tierkei an a Syrien ze hëllefen, hiert Liewen nees lues a lues opzebauen.

D’Diere sinn um 19:00 Auer opgaangen an d’Leit vun a ronderëm Schëffleng kruten e variéierte Programm gebueden: traditionellt Iessen a Gedrénks, Konschtwierker aus der Tierkei a Syrien, eng flott Tombola mat originellen orientalesche Präiser, direkt e puer Scheckiwwerreechungen a Musek vun der Schëfflenger Musek (HMS – Harmonie Municipale de Schifflange) zesumme mam professionelle Piano/Soprano-Duo « Kirtil-Verhelst ». Extra fir dës Geleeënheet huet den Dirigent Eric Gherardi e puer Stécker adaptéiert. Déi musikalesch Mëschung war deemno perfekt!

All d’Spenden, déi deen Owend erakomm sinn, sinn op de Kont vun der Asbl « Schëffleng Hëlleft » gaangen. E grousse Merci un all Mënsch, deen en Deel dozou bäigedroen huet.

Wann Dir den Owend selwer net konnt dobäi sinn, fannt Dir hei nach d’IBAN Nummere fir eng Iwwerweisung ze maachen.

Et ass ni ze spéit fir ze spenden! Hëlleft eis hëllefen!

Hei war den offizielle Flyer vum Event.

An hei e puer Fotoe vun der ACTL.

Méi Impressioune vum Owend fannt Dir hei ënnen an an eiser Galerie.

 

FR

Le 17 mars 2023, la Commune de Schifflange a organisé en collaboration avec l’asbl Schëffleng Hëlleft et l’Association Culturelle Turque au Luxembourg un concert de bienfaisance au Hall Polyvalent pour collecter des dons pour les victimes suite aux tremblements de terre en Turquie et en Syrie.

Les portes se sont ouvertes vers 19:00 heures et les visiteurs ont pu profiter d’un programme diversifié : plats traditionnels, boissons, art, tombola, remise de chèque et encadrement musical spécialement adapté de la HMS (Harmonie Municipale de Schifflange) ensemble avec le duo piano/soprano professionnel « Kirtil-Verhelst ».

Tous les dons collectés seront versés au compte (plus d’infos ici) de l’asbl « Schëffleng Hëlleft ». Aidez-nous encore à aider !

Voici le dépliant officiel de l’événement.

Impressions sur la page de l’ACTL

Impressions dans notre galerie