20.03.2023

De Jonke Politik méi no bréngen

LU
Als Neiwieler/in a jonk/e Bierger/in ass et wichteg matzeschwätzen a sech a senger Gemeng mat anzebréngen, well do Entscheedunge getraff ginn, déi jidderee betreffen.

Am Juni stinn d‘Gemengewale um Agenda. Fir eng ganz Partie Jugendlecher ass dëst déi éischte Kéier, dass si hir Stëmm däerfen ofginn. All Neiwieler/in gouf zu dëser Occasioun e Samschdeg, den 18. Mäerz 2023 op d’Gemengeplaz invitéiert. Hei konnten déi Jonk wärend engem Meet and Greet mam Schäffen- a Gemengerot all hir Froe stellen a sech zu de Walen informéieren. A well et sech mat eidelem Mo net gutt diskutéiere léisst, huet d’Gemeng Schëffleng jidderengem e gutt Stéck Pizza offréiert.

E grousse Merci u jiddereen, dee laanscht Moie soe komm ass an un dësem flotte Projet matgewierkt huet.

 

FR
En tant que nouvel électeur et jeune citoyen/ne, il est important de participer aux élections et de s’engager dans sa commune.

Pour de nombreux jeunes, les élections communales du 11 juin 2023 seront la première fois qu’ils pourront voter. A cette occasion, tous les nouveaux électeurs ont été invités devant l’Hôtel de Ville, ce samedi 18 mars 2023  pour poser toutes leurs questions et s’informer sur les élections lors d’une rencontre avec le Collège échevinal et le Conseil communal. Comme il est plus agréable de discuter autour d’un bon repas, la Commune de Schifflange a offert à tous un délicieux morceau de pizza.

Merci à tous ceux qui sont venus discuter et qui ont participé à ce projet important.

 

Méi Fotoen an eiser Galerie