13.02.2023

Sicona Cours: Planzebestëmmung

Léiert d’Basis vun der Planzidentifikatioun! De Fokus läit op der Bestëmmung vu Blummen ënner wëssenschaftlecher Leedung mat Hëllef vu Floralwierker. D’Charakteristike vun de wichtegste Planzefamille gi presentéiert. Dono geet et op d’Feld fir unzewenne, wat Dir op der Plaz geléiert hutt.

 

De Cours fënnt op 6 verschiddenen Nomëtteger statt. Ëmmer mëttwochs vu 14.00 bis 16.00 Auer am Festsall zu Olm, 10, rue de Capellen.

 

Datumer:

26.04.2023          03.05.2023          17.05.2023

24.05.2023          28.06.2023          12.07.2023

 

Präis:

40 Euro (20 Euro fir Studenten)

 

Méi Infoen