10.10.2022

Grousse Moart zu Schëffleng – eng nei Saison geet un

LU
Wéi all Joer gëtt déi nei Saison vum „Grousse Moart“ op der Fräiheetsplaz am Oktober lancéiert. Och dës Kéier waren d“Confédération Luxembourgeoise du Commerce“ an de „Lëtzebuerger Maarteverband” vum Schëfflenger Schäfferot op déi offiziell Saisonserëffnung invitéiert ginn.

An enger kuerzer Usprooch huet de Buergermeeschter Paul Weimerskirch betount, dass d’Schëfflenger Gemeng frou ass, d’Moartleit all zweete Méinden am Mount op der Fräiheetsplaz begréissen ze kënnen. E grousse Merci huet de Buergermeeschter zesumme mam Schäfferot un d’Marchande geriicht, déi bei all Wieder hire Stand op der Plaz opriichten.

No der offizieller Erëffnung gouf et fir all Visiteur e Kaffi an e Croissant. Dono konnte se gemittlech iwwert de Moart trëppelen.

 

FR
Comme chaque année, la nouvelle saison du Grand Marché de la Place de la Liberté débute en octobre. Cette année aussi, la Confédération Luxembourgeoise du Commerce et le « Lëtzebuerger Maarteverband » ont été invités par le Collège échevinal à l’inauguration officielle.

Dans une brève allocution, le bourgmestre Paul Weimerskirch a souligné que la Commune de Schifflange se réjouit d’accueillir les commerçants du marché chaque deuxième lundi du mois à Schifflange. Le bourgmestre et le Collège échevinal ont remercié également les marchands qui installent leur stand par tous les temps.

L’ouverture officielle a été suivie d’un café avec croissants pour tous les visiteurs.