08.10.2022

Commémoration nationale 2022

LU
Den 8. Oktober 2022 hat de Schäfferot op d’Feierlechkeete fir den nationale Commemoratiounsdag invitéiert fir un all d’Affer vum zweete Weltkrich tëschent 1940 /1945 ze gedenken.

No der „sonnerie aux morts“, gespillt vun der Schëfflenger Musek, huet de Schäfferot esou wéi d’Vertrieder vun den „Enrôlés de Force“, der „LPPD“, de Gewerkschaften an dem „Syndicat d’initiative“ Blumme virum Gedenkmonument néiergeluecht, éier de Schäfferot op eng feierlech an ergräifend  Receptioun an d‘„Salle Grand-Duc Jean“ invitéiert huet.

A senger Ried ass de Buergermeeschter Paul Weimerskirch nach emol op di schrecklech Zäit wärend dem Krich agaangen an huet drop higewisen  dass des Evenementer ni däerfen an Vergiessenheet geroden. Déi musikalesch Begleedung vun den dräi Schëfflenger Gesangsveräiner an Virträg vun den Historiker Jérome Courtoy  (“Zeugen Jehovas an homosexuel Männer am Viséier vun den NS- Besätzer”) an Daniel Thilman (“Verfolgung vun Fuerenden zu Lëtzebuerg an der Ns-Zäit”) hunn den Invitéën d’Realitéit vun dëser schwiereger Zäit méi no bruecht.

Nom Spillen vun der Europa- an der Nationalhymne huet de Schäfferot op en Éierewäin invitéiert.

 

FR
Le 8 octobre 2022, le Collège échevinal a invité à participer aux festivités organisées autour de la Commémoration nationale pour rendre hommage aux victimes de la Seconde Guerre mondiale.

L’Harmonie municipal de Schifflange a joué la sonnerie aux morts et le collège échevinal, ainsi que des représentants du “LPPD” et des “Enrôlés des Forces” ont déposé des gerbes devant le monument aux morts. Lors d’une réception émouvante à la Salle Grand-Duc Jean. Après un petit intermède musical de nos trois chorales, le bourgmestre a rappelé dans son discours une fois de plus la terrible période de la guerre et a insisté sur le fait que ces événements ne doivent jamais être oubliés. Des présentations intéressantes ont ensuite été données par les historiens jérôme Courtoy et Daniel Thilman.

Pour terminer la soirée, l’hymne européen et l’hymne national ont été joués avant que le Collège échevinal a invité à un vin d’honneur.