18.08.2022

Passage de Flambeau Schifflange2022 – Mondercange2022

LU
Um leschten Dag vum Schëfflenger Mount am Kader vun Esch2022 an och um leschten Dag vun der Summer Bar am Haff huet d’Gemeng Schëffleng de symbolesche „Flambeau“, e Bild vum Kënschtler Raphael Gindt, weiderginn un d’Nopeschgemeng Monnerech an hir vill Erfolleg mat all de kulturelle Projeten an den nächste Woche gewënscht. Schëffleng bléckt zréck op e flotte Mount mat vill Gelaachs, gudder Musek, internationale Frëndschaften a seet jidderengem Merci dee mat gefeiert a gehollef huet an esou Deel vu Schifflange2022 war!

FR
Pendant le dernier jour du mois de Schifflange dans le cadre d’Esch2022 et également le dernier jour du bar d’été « am Haff », la Commune de Schifflange a remis le « Flambeau » symbolique, un tableau de l’artiste Raphael Gindt, à la commune voisine de Mondercange et leur souhaite un grand succès dans tous leurs projets culturels dans les semaines à venir. Schifflange fait le bilan d’un mois rempli de rires, de bonne musique et d’amitiés internationales et remercie tous ceux qui ont participé et contribué au succès des événements de Schifflange2022 !