25.07.2022

Esch2022: « Passage du flambeau » oder d’Fakel kënnt op Schëffleng

Den 21. Juli huet d’Buergermeeschtesch vu Suessem, Simone Asselborn-Bintz, dem Buergermeeschter vu Schëffleng, Paul Weimerskirch, d' »Fakel » iwwerreecht fir d’Gemeng vum Mount ze ginn am Kader vun europäescher Kulturhaaptstad.

Bei dëser flotter Aktioun, wou et drëms geet symbolesch, déi nächst Gemeng an de Fokus vun Esch2022 ze setzen, gi keng richteg Fakelen iwwerginn, mee all Gemeng kann sech ee flotten Objet eraussiche mat deem sie sech identifizéiert. An dësem Fall wuar et eng Fläsch Waasser aus der Quell vum Belval. Dës Fläsch ass wéi scho virun 100 Joer gefëllt mat Bel-Val’er Waasser.

Wat Schëffleng sech ausgeduecht huet fir hirer Nofolgergemeng Monnerech z’iwwerreechen, dat fann Där eraus um offiziellen Ofschloss fir Schëffleng, den 18. August ab 19.00 Auer am Schëfflenger Haff.

Weider Fotoen fannt Där an eiser Galerie hei. (Copyright Esch2022)