18.07.2022

Stroossespärungen am Kader vum Eurofestival

LU

Fir de flotte European Peoples’ Festival « Europe goes Scuffelingen » kënnen zu Schëffleng ze realiséieren si vum 21. Juli bis den 1. August eng Rei Stroossen a Parkplazen am Duerf net oder just bedéngt zougänglech. Déi komplett Lëscht vun de Spärunge fannt Dir hei am Règlement de circulation.

Loosst am beschten den Auto doheem a gräift op den ëffentlechen Transport zeréck. Falls et ouni Auto net méiglech ass, da fuert w.e.g. op de Parking vum Hall Polyvalent (rue Denis Netgen) oder an enger vun de Stroossen ausserhalb vum Zentrum.

Hei och nach eng Kéier de komplette Programm vum Festival: Flyer « Europe goes Scuffelingen »

 

FR

Voici le règlement de circulation en vigeur pendant la période du 21.07 et 01.08. Pensez aux transports en commun pour vous rendre à Schifflange. Et si vous ne pouvez pas renoncer à la voiture, veuillez utiliser le parking du Hall Polyvalent (rue Denis Netgen) ou les rues en dehors du centre-ville.

Voici encore le programme complet de l’Eurofestival « Europe goes Scuffelingen ».