11.07.2022

Eng gelonge Première vun ‘Die Maschine steht still’

Nodeems déi ursprénglech Première esou ewéi déi éischt Virstellunge vum Theaterstéck ‘Die Maschine steht still’ hu misste krankheetsbedéngt ofgesot ginn, konnten déi weider Virstellunge vergaange Woch awer ewéi geplangt stattfannen. Den Här Buergermeeschter Paul Weimerskirch an de Schäffe Carlo Lecuit hunn sech et net huele gelooss fir sech op der éischter Virféierung vergaangenen Donneschdeg vun dësem exzeptionelle Projet am Kader vun Esch2022 an d’Zukunft entféieren ze loossen. Vun der Gare zu Esch-Belval gouf et mam Space-Shuttle bis op de Site vum Pompelhaus zu Schëffleng, wou d’Zuschauer e Bléck an eng méiglech, maschinell gesteiert, Zukunft kruten.