07.07.2022

Impressiounen vum Festival Sete Sóis Sete Luas – Esch2022

De 6. Juli war den Direkter vum Festival, Marco Abbondanza, mat sengem 7Sóis Luso Med Esch Orkestra zu Schëffleng op Besuch an hunn d’Leit wärend 75 Minutte  mat enger ganz internationaler Musek begeeschtert. D’Konzept vun dësem Esch2022 Projet war et fir 6 Museker aus 6 verschiddene Länner, déi sech net kannt hunn beienee wunnen ze loosse wärend 2 Wochen. Sie sollten dann hier Stécker zesumme komponéieren a prouwen. D’Musek war hier gemeinsam Sprooch an d’Resultat léist sech weisen.
Als Iwwerraschung stoung dann och nach zum Schluss d’Chorale Sängerfreed vu Beetebuerg op der Bün an hunn dräi Lidder mat hinne zesummen gespillt a gesongen.

Méi Fotoen fannt Dir an eiser Billergalerie.