17.06.2022

Diplomiwwerreechung Babysitter & Animateuren

Well d’Gemeng fir d’Babysitterformatiounen am Dezember esou vill Aschreiwungen hat, goufen am Abrëll a Mee dëst Joer direkt zwou weider Formatiounen ugebueden an Zesummenaarbecht mat der Initiativ Liewensufank. Weider 22 Jonker hunn déi siwe Stonne Cours ofgeschloss a kennen hir Servicer elo op Babysitting.lu ubidden.

No zwee Joer Paus konnt d’Gemeng dann dëst Joer och erëm eng Formatioun Animateur A duerchféieren. 8 Jonker hunn wärend zwee Weekender mat Iwwernuechtung, engem Teamdag an engem individuelle Mini-Stage am Jugendhaus alles geléiert, wat si fir d’Plangen, Organiséieren an Duerchféiere vun zukünftegen Aktivitéite brauchen.

A Presenz vun de Memberen aus des Gemengerot, der Madamm Lage vun der Initiativ Liewensufank an dem Team aus dem Schëfflenger Jugendhaus, huet de Buergermeeschter Paul Weimerskirch de Jonken zu hirem Erfolleg gratuléiert an si op e Patt invitéiert.

All d’Fotoe vun der Diplomiwwerreechung fannt Dir an eiser Galerie.